Dies ist das vorläufige Programm bis zum Juli 2008:
- Wéi all Joer ass och elô den Moment vir erëm un den Membersbeitrag ze erënneren; en ass bei 8 euro bliwwen.
- Déi Léit déi d’läscht Joer den Beitrag nëtt bezuelt hun an daat och nëtt bis den 30. Abrëll maachen ginn definitif aus der Lëscht gestrach !
-
- Den 12 Abrëll um 15.00 Auer
ass eis éischt normal Versammlung an eisem neien Lokal zu Bascharage.
- Bei dëser Geleegenheet berreden mer eisen Stand beim Télé-Vie viir. Ween Stécker huet an se nëtt méi brauch soll se deen Daag matbréngen.
- Den Weekend duernô, den 20sten Abrëll hun mer eisen Verkaafsstand zu Gonschten vum Télé-Vie zu Bascharage an der Haal 75.
- 20sten Abrëll
: Sortie an d’Carrière des Limites zu Wellin, organisèiert vum Aareler Veräin. Treffpunkt ass um 08.00 Auer bei der maison de la culture zu Aarel. Fîr wieder Detailer dem René Biren um no 0032 6322 7660 unruffen.
- Den 10. Mee treffen mer eis erëm an eisem Lokal fîr d’Vitrinnen anzeriichten.
- 17. Mee : Sortie an d’Carrière vun Beez. RV um 07,30 bei der maison de la culture ; fîr soss alles dem René unruffen.
- Den 25. Mee
hun mer äng Exkursioun an d’Intermoselle viirgesinn; virausgesaat mer kréien d’Geneemegung.
- Den 14. Juni ass eis normal Versammlung an eisem Lokal.
- 14 Juni
Sortie vum Aareler Veräin an d’Carrière vun Leffe. RV um 07,30 bei der maison de la culture.
- Den 29. Juni féiert den Roby eis iwert d’Réserve géologique vum giele Botter.
- Rendez-vous ass um 15.00 Auer virun eisem Veräinslokal.
- Den 12. Juli ass eis normal Versammlung an eisem Lokal zu Nidderkäerjeng.
- Den Weekend vum 12. an 13. Juli sinn mer erëm beim Cockerills Fest am Ellergronn derbäi.
Aktivitéiten Oktober 2008 :Den Comité vun der AGMP hofft datt der alleguechten gudd duerch déi laang Summervakanz komm sitt, an och vill flott Stängercher matbruecht hutt. Mer hun eist Lokal iwert den Summer mat Vitrinen équipéiert ( Merci Roby ) an se och siew et mat Lëtzeburger Fossilien oder Mineralien gefëllt.
Wann nach deen een oder aaneren wëll Stécker ausstellen : et ass nach Plaatz. Den 11. Oktober treffen mer eis an eisem Veräinsraum zu Bascharage um 15 Auer
, an mer wärten iwert d’Vierdeeler un änger Micromountsammlung schwätzen. Wann der Mineralien hutt déi bestëmmt sollen ginn dann wär daat och äng gudd
|